Firefighter Beach Challenge 2025

Firefighter Beach Challenge 2025 zu Jonglënster

Et as erëm sou wäit !! Firefighter Beach Challenge zu Jonglënster steet firun der Dier !!

D’Amicale vum CIS Jonglënster invitéiert dëst Joër fir déi 8ten Editioun vun desem sportlechen Event. Du an deng Ekipp sidd häerzlech agelueden, den 23 August 2025 um 9 Auer zu Jonglënster um Parking vum Centre Polyvalent Gaston Stein dobäi ze sinn.

Probéier och du mat denger Ekipp dest Joër der Ekipp 4 aus dem CIS Lëtzebuerg den Wanderpokal ofzeknäppen. Natierlech ginn et och nach aner cool Praiser ze gewannen!

Spillregelen an Informatiounen fir d’Unmëllung fënns du ob dëser Säit.

Bis den 23 August zu Jonglënster !!